E Protokoll vun 145 respektiv 250 Euro an d'Perte vu 4 Punkten - dat ass zanter zejoert d'Strof, wann e Chauffer mam Handy um Steier erwëscht gëtt.

Bis ewell goufe just Protokoller vun 145 Euro geschriwwen, mä dat net ze knapp: sou hu bannent de leschten 6 Méint missten knapp 1.800 Chaufferen berappen, well se ouni "Fräischwätz-Installatioun" mam Handy um Ouer vun der Police erwëscht goufen.

Wéi et vum Inneminister Gloden heescht, wieren et zanter de méi héije Strofen awer net méi Kontrollen an deem Sënn ginn.

Dës Informatioune liwwert den CSV-Minister op Basis vun enger parlamentarescher Fro vum Diddelenger LSAP-Duo Di Bartolomeo a Biancalana.