Schwéiertransporter suerge fir Knascht, Stëbs an Onzefriddenheet zu Kielen
D'Awunner vu Kielen, grad déi, déi laanscht Staatsstroosse liewen, hunn am Alldag mam Duerchgangsverkéier vu schwéiere Camionen ze kämpfen.
Kaméidi, Stëbs a Fënster, déi vibréieren. Kleng Stroossen, ma virun allem grouss a schwéier Camione maachen der Populatioun zu Kielen d‘Liewe schwéier. Zanter 3 Joerzéngten ass de Problem an der Gemeng bekannt. Iwwert déi lescht Joren awer ass d‘Zuel u Schwéiertransporter duerch Duerf explodéiert. Laang gouf beim Transportministère a Pont et Chaussée no enger Léisung gefrot. D'Awunner hoffe bei der neier Regierung op oppen Oueren ze stoussen a geschwënn méi Liewensqualitéit ze kréien.
Ee vun de grousse Problemer gëtt et zu Kielen an der Mamerstrooss. Scho seng ganz Kandheet huet de Gilles Flammang hei verbruecht. Seng eege Kanner léist de Kielener awer ongär eleng virun d'Dier respektiv eleng an d‘Schoul trëppelen. Dat Ganzt ass ze geféierlech.
"Mir sinn hei mëttlerweil wierklech bei 1.000 Camionen den Dag wärend der Woch. Verschidden Deeg souguer 1.200 Camionen. Ech mengen, do kann ee sech gutt virstellen, wat fir eng negativ Repercussiounen dat huet. Mir sinn do Kaméidi ausgesat vum Ofbremse vun de Camionen, vum Kaméidi, wa se nees Gas ginn, fir fort. D‘Haiser vibréieren, wann ee laanscht d‘Staatsstrooss wunnt," erzielt de Gilles Flammang, deen zanter 39 Joer zu Kielen lieft.
Iwwer déi lescht 10 Joer huet de Schwéiertransport duerch Duerf sech verduebelt. De Problem war – fir déi national Politik – bis ewell ni eng Prioritéit. Kielen ass bei wäitem d‘Nummer 1 am Land mat de meeschte Schwéiertransporter duerch en Duerf. Käerjeng, wou en eegene Contournement iergendwa soll kommen, huet ronn ee Véierel vum Trafic.
"Déi Camionen hunn u sech näischt an der Gemeng Kielen verluer. Déi Camione si ganz vill Duerchgangsverkéier. Schwéiertransport vu Wueren, Bauschutt a Richtung Deponie op de Rouscht," erkläert de Marc Picard, deen zanter 2006 zu Kielen wunnt a President vun der Biergerinitiativ ass.
Tëscht den Autobunnen A6 an A7 gëtt et keng Verbindung. De kierzte Wee ass duerch d'Land, duerch déi enk Kéiere vu Kielen.
Eng Rëtsch Projete louche schonn um Dësch. 2012 gouf e Contournement geplangt, awer ni ëmgesat. No der Ouverture vun den Tunnellen op der A7 gouf e Verbuet, fir duerch d'Land ze fueren, fir de Schwéiertransport versprach. Och doraus gouf näischt. Der lokaler Politik no gouf d‘Gemeng Kielen einfach vergiess.
"2012 war e Projet de loi am Wäert vun 59 Milliounen duerch d‘Chamber gaangen, fir e Contournement ze maachen. 2013 ass deen ënnert der neier Regierung an en Tirang geluecht ginn", erkläert de Kielener Buergermeeschter Félix Eischen. "Bis virun zwee oder dräi Joer am Kader vum PNM 2035 erauskomm ass, datt eppes an der Regioun misst gemaach ginn. Doraus koum eng Biergerversammlung, déi kloer gestallt huet, datt kuerzfristeg Léisunge musse kommen.“
E Méindeg de Mueren huet dunn den Telefon bei de Responsabelen zu Kielen geschellt. Drop den Transportministère a Pont & Chaussée. Eng weider Reunioun soll méi Kloerheet bréngen. Bis dohi soll mat enger 30er Zone den Duerchgang weider demotivéiert ginn.
"Wat elo esou gutt ewéi duerch ass, fir datt mer dat kënne maachen. An da plange mer, hoffe mer nach ëmmer op dee faméise Contournement," esou de Buergermeeschter selwer.
Dat erhoffe sech op d‘mannst emol d'Awunner. Well sollt d‘Land weider wuessen, ewéi déi nei Regierung dat plangt, heescht dat méi bauen, méi Trafic an nach eng Rëtsch méi Schwéiertransporter fir d‘Awunner zu Kielen an Ëmgéigend.