Ronn 3 Joer war de Parking Saint-Esprit wéinst Renovatiounsaarbechten zou, ma elo gëtt et endlech gutt Nouvellen.

Am September war et d'Nouvelle, dass mat der Societéit "Indigo Park S.A." e Gerant fonnt gouf. Deen Ament gouf de Parking zum Deel exklusiv vu Staatsfonctionnairen a -Salariéë genotzt, ma vum 30. Oktober un, ass en och nees zum Deel fir aner Chaufferen opgaangen.

Zanterhier war de Parking an der Woch wärend 4 Schaffdeeg owes an nuets op, grad wéi och déi komplett Weekender an d'Feierdeeg. Dës deelweis Ouverture huet bis zum Ofschloss vun de Renovatiounsaarbechte vum Parking ënnert der Clairefontaine-Plaz gegollt. Duerno sollen d'Staatsbeamten dësen nees benotzen an d'Parkhaus um Helleg-Geescht-Plateau wier nees fräi fir de Public.

D'Renovatiounsaarbechten am Parking waren op knapp 7 Milliounen Euro chiffréiert ginn. De Parking zielt eng knapp 600 Stationementer a gouf 1985 opgemaach. Um Site vun der Stad Lëtzebuerg gesäit een, dass de Parking elo nees fir de Public op ass. Hei ass vun 200 Plaze rieds.