Zich fueren nees op de Strecken, weider Aarbechten an der nächster Nuecht

© RTL-Archiv
Wéinst Problemer um Stellwierk zu Beetebuerg goufen et e Méindegmoien op béide Strecke Problemer mam Zuchverkéier, an dat a béid Richtungen.
D'technesch Ekippe waren op d'Plaz geruff ginn, fir d'Situatioun z'analyséieren a séier eng Léisung ze fannen.
D'Passagéier waren opgeruff, sech um Internetsite vun den CFL, respektiv op hirer App iwwert d'Retarden an d'Alternativen z'informéieren. Hei gouf ënnert anerem op déi verschidde Buslinne verwisen, déi ee kéint benotzen.
Am Laf vum Nomëtteg gouf d'Warnung, datt et Problemer op der Streck gouf, opgehuewen an d'Zich sinn nees normal zirkuléiert. Wéi et awer vun den CFL heescht, wiere weider Reparatiounen néideg. Dës sollen an der Nuecht vum 11. op den 12. Mäerz duerchgefouert ginn. Et hat een de Problem provisoresch gefléckt, fir zu der Haaptverkéierszäit d'Zich kënne fueren ze loossen.
D'Schreiwes vun den CFL
La source du problème a pu être identifiée (rupture de câble). Les travaux de réparation nécessaires seront entamés dans la nuit du 11 au 12 mars 2024. En outre, les CFL ont procédé aux travaux nécessaires (fixation transitoire des aiguillages dans une des position) pour permettre transitoirement une reprise du trafic normal pour l'heure de pointe et jusqu'à la réparation définitive des câbles.
Retrouvez plus d'infos sur votre voyage sur www.cfl.lu ou dans l'application CFL mobile.
Les CFL vous prient d'excuser les désagréments causés.