TGV fiert vu Lëtzebuerg op d'Olympesch Spiller

© Magali Cohen / Hans Lucas / Hans Lucas via AFP
D'CFL annoncéieren eng nei Offer, déi et hire Clienten erméiglecht, vu Lëtzebuerg op d'Olympesch Spiller zu Paräis ze fueren.
Den Depart vum TGV ass op de Garen zu Rodange a Belval-Université. Dës si grouss genuch fir den TGV an et gi Park and Riden, mat jeeweils méi wéi 1.500 Plazen. Dëse speziellen Trajet bis an déi franséisch Haaptstad wäert et ausschliisslech tëscht dem 28. Juli an dem 11. August 2024 ginn.
Et ass eng Zesummenaarbecht tëscht der SNCF an den CFL, déi zesummen no enger Léisung gesicht hunn. D'Stréck vum Grand-Duché, iwwer Diddenuewen, bis op Paräis, déi den TGV soss fiert, ass wärend dem Zäitraum vun den Olympesche Spiller jo wéinst engem Chantier un enger Bréck bei Beetebuerg gespaart.
Een TGV den Dag wäert vu Lëtzebuerg op Paräis fueren. Op dëser alternativer TGV-Linn, déi dann net duerch d'Beetebuerger Gare verleeft, mussen d'Passagéier eng véierel Stonn méi aplangen, wa si um Belval eraklammen a 45 Minutte méi, wa si zu Rodange starten. De Site vun den Olympesche Spiller läit ronn dräi Stonnen Trajet vu Rodange ewech. Dernieft fiert vu Rodange och en TGV iwwer Stroossbuerg op Montpellier.
Vun e Mëttwoch u kann een Tickete iwwert de Site vun den CFL oder iwwer Telefon reservéieren.
Weider Trajete mat engem TGV ginn et och vu Metz aus. Wärend den Olympesche Spiller fuere Busser vun der Stater Gare bis dohin.