Op der N26 ass d'Streck tëscht Béiwen a Léifreg fir den Trafic gespaart, well den Hang en Donneschdeg an d'Strooss gerutscht war.

Ufanks ass een nach dovunner ausgaangen, datt d'Streck nees kéint e Freideg, also de 15. Mäerz kéint opgoen, ma wéi et op Nofro vu Ponts et Chaussées heescht, kann dësen Deel vun der N26 wuel awer nach bis de 25. Mäerz zoubleiwen. Eventuell, wann d'Aarbechte gutt virukommen, och just bis den 22. Mäerz.

Wat war geschitt?

Op Nofro hin heescht et vu Ponts et Chaussées, datt wuel de ville Reen zum Äerdrutsch op dëser Plaz gefouert huet. Nieft dem Bulli, deen een ewechmaache muss, mussen och gréisser Beem ëmgehae ginn. Doduerch ginn d'Opraum- a Botzaarbechte däitlech méi opwänneg an daueren och doduerch méi laang.