Dräi Organisatiounen denken iwwer rechtlech Schrëtt no, well géint d'Gesetzgebung géing verstouss ginn.

"De Käerjenger Contournement verstéisst géint d'Gesetz a muss gestoppt ginn!": Esou ass e Communiqué vun der Suessemer Biergerinitiativ BIGS, dem Mouvement Ecologique Süden an Natur an Ëmwelt Suessem iwwerschriwwen.

Ënner anerem gëtt gefaart, datt déi ëffentlech Consultatioun zur Erweiderung vun der Natura-2000-Zon eréischt gemaach soll ginn, nodeem Bësch ewech gemaach gouf.

Parallel hätt den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes de Avant-Projet och scho geneemegt, ouni d'Resultat vun der Consultatioun vun de Bierger ofzewaarden.

De Francis Hengen vum Mouvement écologique Süden heizou:

"Dat muss alles iwwer Réglement grand-ducal gereegelt ginn. Dat ass eng Consultation publique, déi dauert elo jo awer 30 Deeg, wou d'Leit kënne reklaméieren. Wann een dann elo héiert, dass de Minister Wilmes och d'Ënnerschrëft ënnert den Avant-projet détaillé gemaach huet, da weess ee guer net - an dat ass eis Angscht - ob déi 30 Deeg Consultatioun, déi Partie intégrante vun deem Projet ass, ofgewaart ginn. Dofir maache mir eis Suergen, dass d’Demokratie-Prozeduren net berécksiichtegt ginn."

Ënner anerem verlaangen d'Organisatiounen, datt d'Autorisatioun vum Ëmweltministère ausgesat gëtt, datt de Bobësch scho wärend de Bauaarbechte geschützt gëtt, an datt d'Prozedur vun der Consultation publique nei ugefaange gëtt, well wichteg Elementer geännert hätten.