Schantjen op der Aire de Wasserbillig
Vun e Samschdeg op e Sonndeg ginn et Aarbechten op der A1

A Richtung Stad ass den Accès op d'Aire de Wasserbillig vun e Samschdeg den Owend 21.30 Auer u gespaart, dëst bis e Sonndeg géint 22 Auer.
De Belag gëtt nei gemaach, wouduerch ee vun der A1 net méi op d'Aire de Wasserbillig kënnt, wann ee Richtung Stad fuere wëll. Et muss een da weider fuere bis d'Sortie 14 (Mäertert), fir dann a Mäertert am Rond-point zeréck Richtung Autobunn ze fueren, an da vun der anerer Säit op d'Aire de Wasserbillig opzefueren.
Am meeschte gelies