E Mëttwoch ginn d'Präisser vun den zwou Zorte Bensinn an d'Luucht.

Fir de Liter 98er Bensinn muss ee vun Hallefnuecht un 1,829 Euro bezuelen, wat e Plus vun 3,2 Cent de Liter ass.

Beim 95er Bensinn iwwerdeem ass et eng Hausse vun 3,1 Cent op dann 1,604 Euro de Liter.

RTL