Nieft de scho bestoende Park and Riden plangen d'CFL a Ponts et Chaussées den Amenagement vu 16 Parkinge bei Garen oder och laanscht Autobunnen.

Keen vun den 3 CFL-Parcs-Relais-Parkingen am Land ass komplett all Dag ausgelaascht: deemno ass zum Beispill de Park and Ride Miersch an der Moyenne den Dag nëmmen zu 38% voll, iwwerdeem deen Taux op Belval bei 64% läit.

Fir de Parking beim Stater Futtballstadion leien iwwerdeem keng Donnéeë vir, wéi dëse vu Chauffere genotzt gëtt.

Am meeschte benotzt gëtt iwwerdeem de P&R zu Rodange mat an der Moyenne iwwer 10.000 Automobilisten, déi do parken, fir duerno op Zuch a Bus ëmzeklammen.

E weideren Opfänk-Parking nieft der Gare soll d'nächst Joer zu Ëlwen opgoen, weider Projete ginn et zu Beetebuerg, Stengefort, Wecker, Ettelbréck a Nidderkäerjeng iwwerdeem zu Fréiseng en CFL-Parkhaus mat 700 Plaze soll entstoen.

Alles an allem plangen d'CFL a Ponts et Chaussées iwwert déi nächst Joren nach den Amenagement vu 16 Parkinge bei Garen oder och laanscht d'Autobunnen. Dës Informatioune liwwert d'DP-Mobilitéitsministesch Backes op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierten Yves Cruchten.