Ponts & Chaussées lancéieren esou eng Campagne jo zwee mol d’Joer, wou dann och d’Maintenance vun de Sécherheetsinstallatioune gemaach gëtt.

Déi grouss Majoritéit vun den Aarbechte gëtt nuets gemaach, fir den Impakt op den Trafic sou kleng wéi méiglech ze halen. Dat ganzt leeft da mol bis Ufank Juni.

25 Tunnelle sinn et iwwregens, déi dann an den nächste Wochen deels gespaart sinn.