Vernetzt, innovativ an nohalteg - Esou beschreift d'Gemeng Lëtzebuerg hire Mobilitéitsplang fir d'Haaptstad, dee bis 2035 a Kraaft triede soll.

Mobilitéitsplang vun der Stad Lëtzebuerg / Reportage: Yola Savic

Iwwert déi lescht 10 Joer ass d'Awunnerzuel an der Gemeng Lëtzebuerg ëm 30% an d'Luucht gaangen. Bis 2035 solle Berechnungen no ronn 180.000 Leit do liewen. Parallel kéinten d'Aarbechtsplazen an der Haaptstad op 218.000 klammen. Eng Situatioun, op déi ee sech muss virbereeden, fir jidderengem Plaz ze loossen, fir mobil ze bleiwen. Souwuel de Foussgänger, de Cyclisten, den Automobilisten an dem ëffentlechen Transport. "Et muss ee jo fairerweis soen, dass mir als Stater jo mol heiansdo am Stau stinn, mee déi puer Minutten, dat ass näischt géint déi Stonnen, wou Leit, déi vu vill méi wäit kommen, am Stau stinn. Et geet also net ee géint deen aneren, et geet haaptsächlech drëms ze kucken, wéi kënne mer iwwerhaapt nach maachen, dass mer net nëmmen am Stau stinn alleguerten. Am bestoende Raum gesinn ech keng Méiglechkeet, wéi ech méi Trafic ka bewältegen. Ech muss also kucken, fir deen Trafic, deen net muss duerch d'Stad goen, deen ewech ze halen. Wat net einfach ass, mee awer an Zukunft ze kucken ass, mat deene verschiddenen Infrastrukturprojeten, fir dat ze erreechen. An dat hunn ech haut probéiert awer kloer ze soen. Mir musse vill méi an den ëffentlechen Transport investéieren an natierlech och an d'Mobilitéit douce", sou de Stater Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt.

Och d'Zuel vun de Parkplaze soll an den nächste Joren iwwerduecht ginn, bannent der Stad: "Bei iwwer 50.000 Parkvignetten an der Stad, plus all déi, déi vun ausserhalb kommen, muss ee villäicht analyséieren, ob et Plaze ginn, wou mer Verschiddenen d'Méiglechkeet ginn, net méi do ze parken, mee kucken, ob mer do mat Push-Mesuren, deene soen 'du kanns lo net méi op Bouneweg bei deng Aarbechtsplaz mam Auto fueren, well's de do 10 Stonne kanns parken. Mir hunn hei aner Méiglechkeeten an du fiers lo mam ëffentlechen Transport."

Zum Beispill mam Tram, dee jo weider ausgebaut soll ginn. Et gëtt dru geduecht d'Areler Strooss mat anzebannen, woubäi et hei nach Contraintë wéinst Besëtztemer ginn. Wichteg wier dem Patrick Goldschmit no och eng performant Ligne tëscht der Cloche d'Or an der Stäreplaz. U méigleche Konzepter géif geschafft ginn. Den ugeduechten zweeten Tracé duerch d'Uewerstad via d'Neipuertsgaass, hätt fir déi nächst 10 Joer keng Prioritéit, sou d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer. Den Auto iwwerdeems soll net aus der Stad verbannt ginn, mee d'Gemengeresponsabel wëllen Alternativen ervirbréngen.

"Mir mussen ons drop virbereeden, wéi mer an enger Stad, déi nach wiisst, awer d'Mobilitéit kënne garantéieren. Eng Mobilitéit, déi ob verschiddene Féiss muss opgestallt sinn. Dat ass den ëffentlechen Transport à mobilité douce. An dann natierlech och fir déi Leit, déi hei an der Stad sinn, d'Liewensqualitéit ze erhalen", sou d'Lydie Polfer.

Zweeten Trace keng Prioritéit méi? Wat seet d'Ministesch

D'Transportministesch Yuriko Backes ënnersträicht, dass d'Stad Lëtzebuerg an d'Regierung rezent an enger Reunioun mat de Responsabele vu Luxtram gesot kruten, dass deen Tronçon bis 2035 net néideg ass. Et ginn bis op Weideres zwou Prioritéiten, esou d'Ministesch:

"Dat ass zum Beispill d'Arelerstrooss, do leien d'Ëmweltetüde vir, [...] an ech hoffen. dass ech d'Finanzéierungsgesetz nach dëst Joer kann deposéieren. Déi aner Prioritéit, un där mir och schaffen, ass d'Nord-Süd-Streck. [...] Mir schaffe ganz gutt zesummen mat der Stad Lëtzebuerg a mir baséieren eis bei eisen Analysen op dat, wat Luxtram eis presentéiert."

No Ouschtere ginn et weider Detailer vun der Regierung, der Stad Lëtzebuerg a Luxtram, iwwert déi weider Projete beim Tram.