Den Autosconstructeur wiert sech géint d'Mesure, Schuedenersatz fir verschidden Dieselmodeller ze bezuelen.

Mercedes-Benz kann eventuell wéinst dem Abau vu bestëmmte Mechanismen an e puer Autosmodeller, déi d'Ofgaswäerter manipuléiere kënnen, dozou gezwonge ginn, Schuedenersatz ze bezuelen. D'Stuttgarter Oberlandesgericht huet en Donneschde Manipulatioun duerch Mercedes-Aarbechter feststelle kënnen, wourop Mercedes hin annoncéiert huet, datt si a Revisioun ginn.

Dat Urteel geet op d'Plainte vun der Verbraucherzentrale Bundesverbandes, déi si 2021 wéinst de GLC- a GLK-Modele gemaach hunn, zeréck. D'Kraftfahrt-Bundesamt hat och am Joer 2018 an 2019 ee Réckruff fir d'Euro-5- an Euro-6-Dieselmodeller ausgeruff.

D'Oberlandesgericht huet kënne feststellen, datt déi Autoe mat den onzoulässege Mechanisme verkaf goufen. Clienten hätten nëmmen ee Recht op Schuedenersatz, wa si dowéinst och geschiedegt goufen.

D'Geriicht huet, och wa si bei Euro-5-Dieselmodeller keng Manipulatioun fonnt hunn, Mercedes-Benz reprochéiert bei den Euro-6-Modelen op d'mannst dovunner gewosst ze hunn, datt onzoulässeg Mechanismen agebaut goufen. Ënnert anerem gouf och op Plaintë vun dräi Mercedes-Aarbechter wéinst Bedruch beim Euro-6-Model verwisen.

D'Plaintë sollten den Usproch op Schuedenersatz feststellen, wouwéinst d'Konsumenten dann individuell vu Mercedes-Benz ofbezuelt musse ginn. Déi Plaintë sinn awer nach net rechtskräfteg.

Mercedes huet heizou gesot, datt si géint d'Entscheedung vum Geriicht wieren an hunn annoncéiert, datt si Revisioun beim Bundesgerichtshof maache wäerten. Si soen, datt den Usproch vum Geriicht onbegrënnt ass an datt Entscheedunge vun der Entreprise, och wa si de Moment vum Verkaf vertrietbar geweecht wieren, net express waren.

Och wann nëmmen 2.800 Leit vum Schuedenersatz direkt profitéieren, ass et ee positiivt Signal, well si een Deel vum Verkafspräis zeréck kënne kréien.