D'Primme fir Elektroautoen, Elektrovëloen an och soss Vëloen huet d'Regierung vun Enn Mäerz op Enn Juni verlängert.

Op Guichet.lu stoung allerdéngs nach den Datum vum 31. Mäerz, an dat hat fir Konfusioun gesuergt.

Dofir ënnersträicht den Ëmweltminister Serge Wilmes, datt de System bis op Weideres esou bestoe bleift wéi en elo ass.

Extrait Serge Wilmes

"D'Konditiounen hunn net geännert. Et sinn déi selwecht Konditioune wéi bis elo, mä et gëtt eng Verlängerung vun dräi Méint. Et hätt sollen op den 31. Mäerz auslafen, wäert et awer net. Et ass elo mol bis den 30. Juni verlängert an d'Regierung schafft parallel dorunner, fir dee ganze Subsidesystem eng Kéier op de Leescht ze huelen. Mir kucken, ob en net misst méi sozialgerecht gestaffelt ginn. Et ass awer nach keng Decisioun geholl, mir wäerten also an nächster Zäit do eng huelen. Egal wéi assuréiere mer, datt mer de Subsidesystem bäibehalen. Wéi mer en upassen, dat steet nach an de Stären, mä mir hunn net wëlles en ofzeschafen. Dat ass och e ganz klore Message."

Fir den Datum ze verlängeren hu groussherzoglech Reglementer misse geännert ginn. Déi sinn den Ament nach beim Staatsrot an dofir nach net verëffentlecht. De Serge Wilmes ënnersträicht, datt ee sech do awer keng Suerge muss maachen, well se retroaktiv gëllen.