Op der Pompel
95er, 98er an Diesel ginn ëm Hallefnuecht bis zu 4,2 Cent méi deier

© AFP
Egal wat een tankt, vun e Freideg u muss een op der Pompel e bësse méi déif an d'Täsch gräifen.
De Liter 95er Bensinn kascht vun e Freideg un 1,653 Euro, eng Hausse vun 2,5 Cent. Den 98er Bensinn kascht vun e Freideg un 2,8 Cent méi, dann 1,886 Euro de Liter.
Besëtzer vun Diesel-Autoe musse besonnesch déif an d'Täsch gräifen. Hei këmmt de Präis ëm Hallefnuecht ëm 4,2 Cent de Liter op dann 1,599 Euro.

© RTL-Grafik
Am meeschte gelies