Géint 20.40 Auer koum vun den CFL d'Matdeelung, datt déi technesch Pann um Stellwierk zu Näerzeng behuewen ass an d'Zich nees fueren.

Wéi et vun den CFL géint 19.30 Auer en Dënschdeg den Owend geheescht hat, gouf et am Stellwierk zu Näerzeng eng technesch Pann.

Duerch d'Pann war keen Zuch op der Linn 60 tëscht Esch a Beetebuerg gefuer, dat a béid Richtungen. Ekippe vun den CFL waren op der Plaz, fir de Probleem ze behiewen.