D'N15 tëscht Ettelbréck an Nidderfeelen ass vun en Donneschdeg 8 Auer bis e Samschdegmëtteg 17.00 Auer wéinst Aarbechte gespaart.

Wien en Donneschdeg de Moie vun Ettelbréck op Heischent oder deen ëmgedréinte Wee huet musse fueren, deen hat Chance, wann e fréi u war. D'N15 tëscht Ettelbréck an Nidderfeelen ass nämlech vun en Donneschdeg 8 Auer bis e Samschdegmëtteg 17 Auer wéinst Aarbechte gespaart. D'Ponts et Chaussées hunn zwar eng Deviatioun gezeechent, ma do ass een nawell e bëssi méi laang ënnerwee.

Gefillte Weltrees fir vun Ettelbréck op Heischent ze kommen / Rep. M. Hoscheid

Vun Ettelbréck iwwer Angelduerf, Waarken, Bierden, Buerschent a Kiemen op Heischent. Respektiv vun Heischent iwwert Eschduerf, Groussbus, Viichten a Biissen op Ettelbréck. Et gesäit ee schonn e bëssi eppes vum Éislek, wann een där Deviatioun nofiert. Wärend et vun Ettelbréck op Heischent knapp 4 Kilometer méi wéi normal sinn, ass ee vun Heischent op Ettelbréck 14 Kilometer méi ënnerwee. De Marc Ries, Chef vun der "Division de voirie Diekirch" bei Ponts et Chaussées, erkläert, firwat een déi Streck erausgesicht huet.

"Wa mir eng offiziell Deviatioun beschëlderen, da musse mir natierlech och kucken, datt alleguerten eis Clienten, alleguerten eis Usageren op der Strooss, déi och en toute Sécurité kënne benotzen. Dat ass net nëmmen den Auto, mee dat sinn och d'Camionen, dat ass och den Auto mat Karawannen hannendrun, och de Bauer mat sengen Trakteren. Do musse mir dann och Stroossen hunn, déi deem ganzen Trafic do gerecht ginn."

Verschidde Stroosse wieren ausserdeem fir Gefierer mat méi wéi 3,5 Tonne gespaart oder ze schmuel fir Camionen. Et hätt een zwar scho mol separat Deviatioune fir Autoen a méi schwéier Gefierer ausgeschëldert, mee an dësem konkrete Fall wier dat awer ze ëmständlech. Et setzt een ausserdeem op de gesonde Mënscheverstand vun deene Leit, déi den Eck kennen.

"Déi offiziell Deviatioun ass e bëssi méi wäit, mee déi aner Stroosse ronderëm, déi sinn alleguerten op. An ech weess, datt déi Leit, déi sech och am Eck auskennen, déi wäerten och all déi aner Stroosse kënne benotzen, fir vun A op B ze kommen."

Zu deenen alternative Strecke gehéieren zum Beispill den CR350 tëscht Waarken an Nidderfeelen, och nach Deelche genannt, oder d'Streck iwwert de Karelshaff. Wat de Chantier op der N15 zu Nidderfeelen ugeet, sou gëtt deen aktuelle Belag vun der Strooss ofgefrääst an et kënnt een neien drop. Alles an allem hunn d'Aarbechten un der Strooss ronn zwee Joer gedauert an zwou Milliounen Euro kascht. D'Ponts et Chaussées profitéieren iwwregens och dovun, datt d'Streck tëscht Nidderfeelen an Ettelbréck zou ass, fir zu Ettelbréck d'N15 op der Längt tëscht dem Hotel Central an dem Rond-point beim Centre Pontalize nei ze maachen. Hei ass eng lokal Deviatioun gezeechent.