Méi wéi 50 Joer laang ass iwwert ee Contournement fir Housen geschwat ginn. Leschte Juni war et dunn endlech sou wäit an d'Baggere sinn ugerullt.

Am Fong sollten d'Aarbechten 2029 fäerdeg sinn, ma deen Zäitplang schéngt net ze halen ze sinn. Aktuell lafen d'Virbereedungsaarbechte fir den Tunnel. Dësen huet spéider eng Längt vun 360 Meter a kritt véier Spueren. Eng 400.000 Kubikmeter Buedem musse beweegt ginn, fir dësen Tunnel ze bauen.

"Mir mussen dofir och d'Säite stabiliséieren, mir sinn hei an enger Situatioun, wou d'Tektonik ganz accidentéiert ass. Dat heescht, déi verschidde Schifercouchen, déi mer hei hunn, ginn an all Richtungen. Mir hu ganz vill Verwerfungen, dowéinst musse mer och ganz vill Stabilisatiounsmoossname maachen. Mir hunn hei Ankeren, déi mer vun 10 Meter bis 20 Meter Déift musse bueren, fir dann déi ganz Säiten ze stabiliséieren", esou de Marc Ries, Chef vun der Division de voirie Diekirch bei Ponts et Chaussées.

Nieft dem Tunnel ginn et duerno nach véier Brécken op dësem Contournement, dee spéider 4,4 Kilometer laang gëtt. Dës  ginn extrem wichteg fir d'Gemeng Housen. Net manner wéi iwwer 15.000 Gefierer fueren all Dag iwwer d'N7, d'Strooss duerch Housen.

De Marc Ries ënnersträicht, datt ee gutt mat den Aarbechte viru kéim. Ma trotzdeem geet op eemol Riets dervun, datt dee ganze Contournement 2030 opgoe soll. Bis elo gouf ëmmer d'Joer 2029 als Zäitpunkt fir d'Enn vum Chantier genannt. Een éischten Deel, dee ronderëm Housen féiert, soll zwar schonn 2028 opgoen, mee en anert Stéck awer eréischt zwee Joer méi spéit. Op engem aneren Deel vum Contournement ginn et iwwerdeems Problemerwell déi geologesch Begebenheeten net sou sinn, wéi ee sech dat erwaart hat.

"Mir hunn natierlech e bëssi méi wäit, op engem aneren Deel vun dësem Projet, wou haut nach net ugefaangen ass, do ass eng ganz speziell geologesch Situatioun, déi mer virfonnt hunn. Hei leien nach Kiesschichten, déi vun engem Urzäitfloss viru Millioune vu Jore leie bliwwe sinn. Do hu mer de Projet mussen adaptéieren, wou mer lo eng Bréck vun iwwert 100 Meter wäerten setzen, ee Viaduc, mat zwee Pilieren dertëschent. An dat si mer amgaangen unzepassen."

155 Milliounen Euro kascht de ganze Projet.

Band vum Marc Hoscheid