Am Summer soll de Projet an déi nächst Phas goen
Zanter ronn 10 Joer gëtt mëttlerweil iwwert de Projet diskutéiert.
Zil ass et, fir d'N7 um Rouscht duerch baulech Mesurë méi sécher ze maachen an d'Aktivitéitszon besser un de Stroossereseau unzebannen. Ma ënnert anerem den ominéise Projet vun engem Google-Datenzenter huet ëmmer nees fir Retarde gesuergt. Dëse Summer soll dann awer endlech richteg Beweegung an den Dossier kommen.
Sou heescht et op d'mannst vu Ponts et Chaussées. Op der Gemeng zu Biissen traut een der Saach awer nach net ganz. De Buergermeeschter David Viaggi verweist drop, datt him scho virun zwee Joer gesot gi wier, datt de Projet am Summer ulafe géing. Allerdéngs hätt een deemools kee Joer genannt. Ma den Direkter vu Ponts et Chaussées Roland Fox kann de Gemengepapp berouegen.
"Also ech krut de Moien [u.v.d.R Donneschdeg] d'Confirmatioun, datt de Bureau d'études amgaangen ass, um Soumissiounsdossier ze schaffen. An deen ass och sou wäit stabil, datt mer am Fong geholl dovu kënnen ausgoen, datt deen am Summer wäert present sinn. Virun e puer Joer waren nach e puer Instabilitéiten dran, effektiv wat d'Reseauen ubelaangt, déi hu sech mëttlerweil erginn, do ass näischt méi wou ee Fragezeechen ass."
De Comité d'acquisition hätt och schonn ugefaangen, Emprisen ze kafen. Et wéilt een de Projet an e puer Tronçone realiséieren, an zwar sou, datt een op där enger Plaz schaffe kann, och wann een op där anerer nach net all d'Emprisen huet. Et ass ënnert anerem virgesinn, dräi Rond-pointen ze bauen. An och déi Aarbechte kéinte méi séier ufänken, wéi dee viregte Bauteminister François Bausch nach virun enger Zäit gemengt hat.
"De Projet mat de Rond-pointen ass u sech stabil. Wat den Transportminister deemools gesot hat, oder de Bauteminister, dat war, datt net direkt kéint mat de Rond-pointen ugefaange ginn. Mä och do hu mer warscheinlech eng provisoresch Léisung, déi sech vläicht rauskristalliséiert, wou mer kënnen, do wou de Schong am meeschten dréckt, datt mer do kéinten an enger Tëschenetapp lo schonn ufänken."
Et kéint een an enger éischter Phas einfach ee méi klenge Rond-point bauen, deen ee spéider, wann d'Strooss méi breet gemaach gëtt, och ausbaue géing. Wat d'Stroumkabele fir ee méigleche Google-Datenzentrum ugeet, huet de Roland Fox gemengt, et géing ee gutt mat der Creos zesummeschaffen an et géing dat geplangt, wat passt.