Problemer op der Zuchlinn tëscht Näerzeng a Rëmeleng bleiwen

© RTL Archiv
E Freideg de Moie gouf et scho rëm eng technesch Pann zu Näerzeng. Den Zuchtrafic op der Linn 60 war doduerch gestéiert.
Nieft dem Zuchtrafic tëscht Esch a Beetebuerg, deen zanter ongeféier 9 Auer nees leeft, bleift de Verkéier den Ament tëscht Näerzeng a Rëmeleng awer nach ënnerbrach. Déi technesch Ekippe vun der CFL wieren op der Plaz, fir de Feeler esou séier wéi méiglech ze behiewen, heescht et an enger Matdeelung.
Wéi laang d'Zich ausfale wäerten, ass bis ewell nach net gewosst. Et géif een aktiv un der Léisung vum Probleem schaffen, heescht et vun engem Spriecher vun den CFL. Et géif en éischte Verdacht ginn, wat d'Ursaach vun de Stéierungen dës Woch kéint sinn. Dëst misst een elo awer nach am Detail ënnersichen.
Weider Informatiounen iwwer d'Alternativen oder d'Fuerpläng fannt Dir um Site vun den CFL oder an der App.
Schreiwes vun den CFL
Suite à une panne technique du poste directeur à Noertzange, la circulation des trains sur la ligne 60 entre Esch/Alzette et Bettembourg est interrompue dans les deux sens.
Pour assurer le bon acheminement des voyageurs sur le tronçon susmentionné, les CFL ont mis en place un service de bus de substitution. Ces bus circulent dans les deux directions entre Esch-sur-Alzette et Bettembourg.
Ils desserviront l’entièreté des arrêts entre Esch-sur-Alzette et Bettembourg.
La circulation des trains est également interrompue entre Noertzange et Rumelange.
Les équipes de maintenance sont sur place pour solutionner le problème.
Aucune donnée quant à la durée de la perturbation n’est actuellement disponible.
Les CFL prient d’excuser les désagréments causés. Pour plus d’informations concernant les alternatives et horaires de circulation, les voyageurs sont invités à consulter l’application CFL mobile ou la recherche horaire sur le site www.cfl.lu.