De Professer Ferdinand Dudenhöffer zeechent fir Europa däischter Zenarie fir d’Elektromobilitéit.

Schold dorunner wier d’Politik, déi den Elektroauto grad géing begruewen, sou den däitschen Autosexpert, deen ënner anerem mam Fanger op d’Europäesch Vollekspartei weist. Eng politesch Dynamik géint den Elektroauto, gesäit de Wirtschaftswëssenschaftler Dudenhöffer doran. Ënner anerem d‘EVP géing den Elektroauto an hirem Walkampf fir d’Europawalen a Fro stellen:

"Die EU-Kommisions-Presidentin, die Frau von der Leyen, hat sehr, sehr öffentlichkeitswirksam verkündet, dass das Verbrennerverbot 2035, 2026 nochmal überprüft wird. Das war nicht notwendig, weil das stand sowiso auf der Agenda."

Dernieft géing d’EU-Kommissioun elo Statistike publizéieren, déi weise sollen, datt Elektroautoen eng méi schlecht C02-Bilanz hunn ewéi Verbrenner, sou de Professer. Den Trend géing also dohinner goen, wou een et net wéilt, nämlech a Richtung Verbrenner.

"Also wir sind in der sehr unglücklichen Geschichte, dass das Elektroauto nach unserer Einschätzung durch die Politik auf die Standspur gestellt wird."

Et wéilt ee Sympathië beim Wieler sammelen. Déi konservativ Clientë bléife bei deem, wat se géinge kennen. Eng Roll spillt och, datt de Moment e Krich d‘Aktualitéit dominéiert an net méi Klima- an Ëmweltsujeten, déi awer an e puer Joer erëmkéimen.

Och bei de Constructeure géing ee gesinn, datt a punkto Elektro de Réckgank ageluecht gëtt. An dat kéint fatal Konsequenzen hunn, mengt de Ferdinand Dudenhöffer. A China géing d’Elektromobilitéit nämlech parallel staark weider developpéiert ginn, och vun europäesche Constructeuren.

"Wir werden dann, weil wir Elektroautos brauchen, von europäeschen Autobauern, von BMW, von VW oder Mercedes, mit grosser Wahrscheinlechkeet diese Autos aus China importéieren. Das heisst: Was die Politik jetzt macht, ist ein ganz grosses Risiko, Arbeitsplätze aus der europäeschen Automobilindustrie nach China zu exportieren."

Nodeems an Däitschland déi staatlech Primmen ewechgefall sinn, sinn d’Ventë vun den Elektrogefierer am Keller. Zu Lëtzebuerg gëtt et bis ewell keng Elektro-Kris, soen d’Leit aus dem Secteur. Allerdéngs klëmmt d’Zuel vun de Venten net méi esou séier wéi se misst, fir déi politesch Zieler ze erreechen.