D‘Police kontrolléiert am Kader vum Speedmarathon verstäerkt d‘Vitess op 110 Plazen uechter dat ganzt Land.

Deen Tëschebilan huet d‘Police op Nofro hi matgedeelt.

Um Freideg géint 11 Auer gouf an der Péitenger Strooss zu Nidderkuer ee Chauffer mat 77 Stonnekilometer geblëtzt, wou der 50 erlaabt sinn. Heescht: op d'mannst e Protokoll vun 149 Euro an 2 Punkten.

Am Rollengergronn an der Stad war e Chauffer souguer mat 86 Stonnekilometer geblëtzt ginn, wou der 50 erlaabt sinn. E puer Stonnekilometer méi an de Permis wär fort gewiescht.

Esou wéi beim Automobilist, deen op der Escher Autobunn a Richtung Stad um Tronçon, wou 90 erlaabt ass vum mobille Radar mat 147 Stonnekilometer geblëtzt gouf.

Mam komplette Bilan vum Speedmarathon kann een uganks der nächster Woch rechnen. D‘Police muss d‘Donnéeë vun de wäit iwwer 100 Kontrolle sammelen an auswäerten.

Organiséiert gëtt dës Campagne vu Roadpol, dem Reseau vun der Police an Europa, an d'Campagne viséiert virun allem déi exzessiv Vitess, déi den Haaptgrond fir déidlech Accidenter op den europäesche Stroossen ass.