E Mëttwoch um 14 Auer war déi offiziell Ouverture vum neie Parkhaus um Campus Gare zu Iechternach.

Do ass Plaz fir 235 Autoen, dorënner och zéng Parkplaze speziell fir elektresch Gefierer an aacht Parkplaze fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit. Dat deelt d'Ville d'Echternach op Facebook mat.