D'Police kontrolléiert de ganze Freideg, virun allem an de Spëtzestonnen, d'Geschwindegkeeten op de Stroossen. An dat iwwerall am Land.

De "Speedmarathon" vun der Police ass zu Lëtzebuerg, wéi a villen aneren europäesche Länner och, den 19. Abrëll. Dës Aktioun gehéiert zu der Campagne "Speed" vu Roadpol, dem Reseau vun der Police an Europa an huet d'Sensibilisatioun vun de Bierger géigeniwwer der exzessiver Vitesse op de Stroossen als Zil.

Wat kascht et, wann ech ze séier war?

  • Bei enger einfacher Contravention kënnt et zu engem Avertissement Taxé vun 49 Euro. Hei verléiert een nach keng Punkten.

  • Bei enger Contravention grave verléiert een direkt 2 Punkten an et kritt een och nach een Avertissenment taxé vun 145 Euro.

  • Beim Délit de grande vitesse schreift d'Police engem ee Protokoll. An am Fall vun enger registréierter Contravention grave an de leschten dräi Joer (dat heescht enger Recidive) geet et dann och nach op d'Geriicht. Sou steet am Code de la Route, datt all Persoun, déi fir d'Zweet d'Vitesslimitatioun ëm méi wéi 50 % iwwerschratt huet, an déi mat enger Vitess, déi op d'mannst 20 km/h iwwert dem erlaabte Maximum louch, ënnerwee war, mat enger Geldstrof tëschent 500 an 10.000 Euro, souwéi enger Fräiheetsstrof vun 8 Deeg bis zu engem Joer rechne muss.

Wann d'Police engem de Permis ofhuele muss, da kritt een dobäi nach ee Protokoll a muss sech viru Geriicht veräntweren.

Wéi vill Punkte verléiert een, bei wat fir enger Vitess?

  • 2 Punkte verléiert een, wann ee méi wéi 15 km/h ze séier an enger Uertschaft fiert, wann ee méi wéi 20 km/h ze séier ausserhalb vun Uertschafte fiert an wann ee méi wéi 25 km/h ze séier op der Autobunn fiert.

  • 4 Punkte verléiert een, wann ee 50 % méi séier fiert, wéi erlaabt ass an een déi maximal Vitesslimitatioun ëm minimum 40 km/h iwwerschreit.

  • 6 Punkte verléiert een, wann een d'Vitesslimitatiounen an engem Ausmooss iwwerschreit, dat dem Art. 11bis vum Code de la route no als Strofdot consideréiert gëtt.