Insgesamt 34 nei Automotricë gi getest, fir ze kucken, ob dës kompatibel mat der Eisebunnsinfrastruktur sinn.

Heiwéinst wäerte vum 29. Abrëll bis den 1. Juli allkéiers vun 23 Auer un deelweis keng Zich op den nërdleche Linne Stad - Dikrech, Kautebaach - Wolz a Stad - Ëlwen fueren.

Als Ersatz wäerten d'CFL Navetten ubidden. Méi Infoen dozou fannt Dir op cfl.lu

Eng Unitéit vun den neien "Coradia High Stream Capacity"-Automotricë besteet aus 3 Ween a gouf an där Form och scho getest. Elo solle si an Unitéite vu 6, respektiv 9 Ween getest ginn. Déi 34 nei Automotricë solle bis 2025-2026 d'Offer u Sëtzplazen an den CFL-Zich ëm 46% erhéijen.