Bei dëser Campagne, déi a ganz Europa war, goufen zu Lëtzebuerg eng ronn 880 Vitess-Kontrolle wärend dëse 6 Deeg gemaach.

Bei dëse Kontrollen huet d'Police eng 390 Infraktioune registréiert. Dobäi komme 7.839 Fäll vun ze héijer Vitess, déi vu Chantiersradaren, respektiv 5 mobille Radare registréiert goufen. A 16 Fäll goufen "Délits de grande vitesse" ausgeschwat, 5 Fürerschäiner goufen nach op der Plaz agezunn.
Am Kader vun der "Speed"-Campagne huet d'Police zu Lëtzebuerg den 19. Abrëll 2024 jo och de "Speedmarathon" organiséiert, wou eng 235 Vitesskontrollen am Land gemaach gi sinn.