D'Mobilitéitsministesch an d'Vertrieder vu Fedil, Goodyear an LCGB si sech iwwert Adaptatioune bei 10 vun 20 Buslinne bei grousse Betriber eens ginn.

D'Changementer gëlle vum 7. Juli un. 10 vun de sougenannte Fabréckslinne gi vun deem Ament u gestrach an an den RGTR-Reseau integréiert. 450 Leit aus verschiddene Betriber sinn de leschten Zuelen no mat de Busser op d'Schaff gefuer. D'Pläng vum fréieren Transportminister François Bausch, d'Linnen aus Käschtegrënn ze sträichen, hat direkt fir grouss Roserei bei de Gewerkschafte gesuergt.

Den OGBL, dee mat am Aarbechtsgrupp souz, fir no Léisungen ze sichen, dréit den Accord net mat. Dem onofhängege Gewerkschaftsbond no hätten eng ganz Rei Salariéen doduerch e méi laangen a méi ëmständlechen Trajet op d'Aarbecht. Donieft soll d'nächst Joer e weidere grousse Betrib an d'Géigend vun der Goodyear plënneren, esou dass de Besoin no dëse Linnen nach méi grouss géif ginn. Den OGBL betount och, dass et hei ëm Mini-Busser vu maximal 7 Plaze geet, déi 3 Mol den Dag en Aller-Retour maachen, ëmmer fir de Schichtwiessel.