Wat bedeit de Lëtzebuerg-China-Vol fir Luxairport?
Lëtzebuerg huet nees e Laangstreckevol. Wéi huet ee sech um Findel op d’Fluchverbindung China-Lëtzebuerg preparéiert?
Als Terminal Supervisor koordinéiert de Jordan Viratelle um Fluchhafen alles ronderëm d'Arrivéeën an d'Departen. Hie stellt zum Beispill sécher, dass déi verschidde Poste mat Zäite besat sinn, sief dat d’Police fir d’Passkontrollen oder d’Mataarbechter vu Luxairport, déi d’Leit guidéieren. D’Zil ass et, de Flux vu Passagéier esou fléissend wéi méiglech ze halen. Ëmmerhi geet et hei ëm déi aktuell gréisste Passagéiermaschinn, déi um Findel lant.
"Mir hunn eis all missen upassen, wierklech all eenzele Beräich vum Fluchhafen. Well et ass eng Kategorie Passagéier, déi nei fir eis ass, an déi verschidden Arrangementer erfuerdert huet. Zum Beispill bei der Police, well d’Kontrollen duerch de Visa méi laang daueren. Vun eiser Säit aus (Luxairport) huet ee sech och missen adaptéieren a Mataarbechter sichen, déi chineesesch schwätzen, fir d’Kommunikatioun mat de Passagéier ze vereinfachen."
Zanter dem 21. Dezember flitt déi chineesesch Airline ee Mol d'Woch tëscht deenen zwee Länner hin an hier, an zwar mat engem Airbus 350-900. E Fliger, deen eng Kapazitéit vun iwwer 300 Passagéier huet. Bis elo war de Vol nach net komplett ausgelaascht, ma d’Passagéierzuel wier an de leschte Méint däitlech eropgaangen a géif konstant klammen, heescht et. An dat huet och en Impakt op d’Organisatioun vun de Passkontrolle vun der Police, erkläert den Direkter vun der Fluchhafepolice Christian Steichen.
"Mir mussen eis schonn organiséieren, well et ass net nëmmen de Vol aus China, deen ukënnt, do kënne gläichzäiteg och aner Vollen ukommen. Dat heescht, mir musse kucken, dass mir déi Guicheten, déi disponibel sinn, ëmmer voll hunn an e Maximum u Leit kënnen ofschaffen."
Fir engem potenzielle Problem aus dem Wee ze goen, huet ee vu vir eran drop opgepasst, dass et keng Iwwerschneidunge mat anere Flich aus Drëttlänner géing ginn, esou de CEO vu Luxairport Alexander Flassak. Den Non-Schengen-Beräich wier nämlech vun der Plaz hier limitéiert. Just eng vu ville Preparatiounsmoossnamen, no der Annonce vun China Southern, de Findel wëllen unzefléien. Méintelaang ass d’Fluchverbindung a gemeinsame Gespréicher virbereet ginn.
Zanter dem Aféiere vun dëser Linn, huet och d’Douane däitlech méi ze dinn, virop um Tax Refund Schalter. Ginn Touristen aus engem Drëttland nämlech zu Lëtzebuerg shoppen, kënne se deemno wéi déi am Grand-Duché bezuelten TVA erëm kréien. Ee Véierels vun de sougenannten Détaxe gëtt mëttlerweil um China-Vol gemaach. Dat si 605 Stempelen, déi zanter Dezember gemaach gi sinn. Fir der méi grousser Demande Meeschter ze ginn, a laang Waardezäiten ze evitéieren, gëtt um Guichet vun der Douane all Freidegmoien opgestockt. Wat de Wäert vun den Akeef betrëfft, géif et vu bis goen, erkläert de Jeff Jungels vun der Douane.
"Mir hunn der, déi komme mat zwou Thermosfläschen. Anerer komme mat deieren Aueren. De Minimum vum Wuerewäert ass jo 74 Euro, dee mir stempelen, drënner stempele mir net. An dat meescht, wat mir lo haten op engem China Vol, dat waren 39.800 Euro. Also do sinn der schonn, déi anstänneg zouschloen."
Fluchhafen, Police, Douane, Handling an Airline - jiddereen huet seng Aufgab. Déi vum Luxairport Terminal Supervisor ass et, Besoinen ze erkennen an d’Servicer unzepassen. Dofir schaffen all déi Bedeelegt nach méi enk zesummen, zanter dass et dëse Laangstreckevol gëtt, esou den Terminal Supervisor João Fernandes.
“Mir hu reegelméisseg Reuniounen, zum Beispill mat der Douane a mat der Police. Do ass de China-Vol ëmmer en Thema. Mir maachen e Briefing, respektiv en Debriefing fir ze beschwätzen, wéi et beim leschte Vol gaangen ass. Et ass natierlech e "Work in progress”, well et gëtt ëmmer eppes, wat ee verbessere kann. Mee Stand haut si mir richteg zefridde mam Set-Up, dee mir op d’Bee gestallt hunn.”