Uber kënnt op Lëtzebuerg, dat awer an ugepasster Form
Et ass eng Annonce, déi déi lescht Wochen iwwer streng geheim gehale gouf. Uber kënnt no laangem Hin an Hier elo och op Lëtzebuerg.
D'Plattform, iwwert déi een en Auto mat Chauffer ka buchen an deen ee vun A op B bréngt, gëtt et schonn an enge 70 Länner op der Welt. An ongeféier sechs Woche gëtt se och hei am Land lancéiert.
Allerdéngs mat engem Ënnerscheed: Privatleit kënnen dëse Service net ubidden. Et muss ee professionellen Taxischauffer sinn an eng Lizenz hunn, fir vun Uber zougelooss ze ginn.
Partner, awer net Exklusivpartner vun Uber, ass Webtaxi. Déi Plattform, déi et zënter 2012 zu Lëtzebuerg gëtt, bleift bestoen, mä de Client huet elo d'Wiel, ob hie bei Uber oder bei Webtaxi e Chauffer bucht.
Op eng Fro, déi vill potentiell Clienten intresséiert, gëtt et nach keng Äntwert. Ob Uber méi bëlleg ass wéi en aneren Taxi, dat konnt den Direkter vun der Plattform, de Laurent Slits, am RTL-Interview net soen. De Präis géif eréischt an deenen nächste Woche festgeluecht ginn.