Nëmmen 90 Leit konnten op engem Vol aus der Tierkei matfléien

Eng 75 Clientë vu LuxairTours hate virleschte Weekend Probleemer, fir vun Antalya zeréck op Lëtzebuerg ze fléien.
De Probleem war keen techneschen, mee villméi huet aus medezinesche Grënn de Vol fir heem an der Passagéierzuel misste limitéiert ginn. Nëmmen 90 Leit konnten matfléien.
Grond fir d'Limitatioun war de Manktem u Sauerstoff-Fläschen, déi aus Sécherheetsgrënn op engem Vol mussen disponibel sinn. Um Wee vu Lëtzebuerg an d'Tierkei hat e Passagéier dëser esouvill verbraucht, dass der net méi genuch iwwereg waren.
D'Direktioun vun der Luxair confirméiert d'Informatioun vu "Republicain Lorrain", nuancéiert awer, datt d'Clienteë vu LuxairTours op der Plaz betreit gi wieren an och gratis Hoteller an e Retour-Vol zur Dispositioun haten.
Dëse Vol war den Dag drop, den 28. Abrëll, sou datt dunn d'Passagéier alleguerten heem komm sinn.