Gëtt et eng Zukunft fir d'Fär zu Waasserbëlleg op der Musel?
Zanter 1870 gëtt op der Musel tëscht den Uertschafte Waasserbëlleg an Oberbillig (D) eng Fär fir Autoen a Privatpersounen ugebueden.
"Sankta Maria" ass den Numm vum Schëff, dat mëttlerweil an der 2. Generatioun fiert an elektresch ugedriwwen ass. Iwwer 100 Autoen a bis zu 50 Leit profitéiere wärend de Spëtzestonne vun dëser Offer.
Allerdéngs feelt et zanter e puer Joer och hei u Personal. Virun allem Leit, déi d'Boot manövréiere kënnen. Waasserbëlleg an Oberbillig denken iwwer en Interreg Projet no, wou d'Schëff an Zukunft kéint deelweis, respektiv komplett automatesch manövréiert ginn. Sou géif manner Personal gebraucht ginn.
2 Milliounen Euro géif dës Iddi kaschten. 2025 kéint se a Musek ëmgesat ginn.