Op der Pompel
95er Bensinn gëtt liicht méi bëlleg, Diesel a Masutt méi deier

Vun e Samschdeg u ginn et Ännerunge bei de Spritpräisser, déi awer net all ze grouss ausfalen.
Fir de 95er Bensinn gëllt vum 11. Mee un e Präis vun 1,611 Euro de Liter. Dat sinn 1,2 Cent manner.
Beim Diesel ass et eng Hausse vun 1,5 Cent op dann 1,498 Euro de Liter.
Och beim Masutt ass et e Plus vun 1,5 Cent. Deemno muss ee vun e Samschdeg un 0,961 Euro de Liter bezuelen, soulaang een iwwer 1000 Liter bestallt huet.

Am meeschte gelies