CFL testen um Belval eng autonom Navett
D’CFL plangen hir Offer vun Zuch a Bus mat autonomen Navetten ze kompletéieren. D’lescht Woch gouf um Belval en Alldagstest lancéiert.
Sech ouni Chauffer duerch säi Quartier oder seng Stad kutschéiere loossen: Dës Iddi ass net nei. Och zu Lëtzebuerg gouf scho viru fënnef Joer zu Conter an am Pafendall mat autonomen Navetten experimentéiert. Elo gëtt et en neie Pilotprojet. D'CFL testen um Belval den "Ohmio". Dee soll am Hierscht d'Clienten tëscht der Gare an de verschiddenen Destinatiounen um Belval hin an hir féieren. Bis et esou wäit ass, mussen dës Navetten awer nach hiren neien Terrain richteg kenneléieren.
A jidderee fänkt kleng un. Nach däerf den Ohmio nëmmen iwwert e ganz kuerzen Testparcours um Belval rullen. Ma och dës Streck huet et schonn a sech. An dat wéinst de fréieren Arbed-Halen an de sëllege stole Konstruktiounen, déi hei laanscht déi schmuel Stroosse stinn. Déi stéieren nämlech d'GPS-Verbindung. Fir ze wëssen, wou en drun ass a wouhinner dass e fuere soll, brauch den Ohmio awer e proppert Signal. De Robert Sykora – den Direkter vun Ohmio Europa – erkläert, dass een opgrond vun de Belval-Erfarungen en neie System entwéckelt, dee sech net via GPS mee mat de Lidar-Laser-Sensore orientéiere soll.
Ma dofir ginn et esou Tester: fir Problemer am Alldagsbetrib z'entdecken, Léisungen ze fannen, an d'Technik no an no ze verbesseren. Dobäi huet den Ohmio schonn e wäite Wee hannerun sech. E gëtt zënter 2015 an Neiséiland entwéckelt. Lëtzebuerg ass ee vu sechs europäesche Pilotprojeten. D'CFL experimentéieren zënter engem Joer domadder. Fir d'éischt um Beetebuerger Multimodal-Site. Dat war am Verglach zum Belval awer e relativ einfachen Terrain. Um Belval ginn et par contre rout Luuchten, riets Virfaarten, Camionnetten déi falsch parken, an onopmierksam Foussgänger. Dat alles muss den Ohmio fir d'éischt léieren, mee et wier e gudde Schüler. De Carlo Hansen – bei den CFL fir de Bus-Déngscht responsabel – erzielt, dass den Ohmio um Ufank nach Problemer am Reen hat, oder ze vill abrupt stoe bliwwen ass. Mat Software-Updates hätt een déi autonom Navett an deene Beräicher mëttlerweil verbessert. D'CFL hu sech fir de Belval decidéiert, grad well et keen einfachen Terrain ass. A well hei gréisstendeels nëmmen Tempo 30 erlaabt ass, an den Ohmio sech do mat senger Maximalvitesse vu 25 Kilometer relativ wuel fillt.
Nach erlaabt de Code de la Route et net, dass den Ohmio ganz eleng op d'Leit lass gelooss gëtt. Et muss permanent en Operateur mat Führerschäin u Bord sinn, fir am Noutfall agräifen ze kënnen. Och technesch wäert et sécher nach e puer Joer daueren, bis esou Shuttlen wierklech zu 100 Prozent autonom a sécher ënnerwee kënne sinn, esou den Ohmio-Direkter Sykora. D'CFL wëlle mat dësem Pilotprojet éischt Erfarungen an deem Beräich sammelen. Autonom Navette sollen d'Offer vun Zuch a Bus nämlech an Zukunft komplettéieren. D’Stéchwuert ass déi sougenannten "last" oder "first mile". De Carlo Hansen ënnersträicht, dass d’CFL hire Clienten och eng Mobilitéitsléisung tëschent hirem Bureau respektiv hirem Doheem an der nächster Gare proposéiere wëllen.
Wann alles klappt, soll d’Navett um Belval am Hierscht an de reguläre Linnebetrib goen.