Kollisioun tëscht Auto a CamionStreck tëscht Guedber an Hiefenech nach eng Zäitche gespaart

RTL Lëtzebuerg
Tëscht Guedber an Hiefenech koum et en Donneschdeg de Moien zu engem Accident. Opraumaarbechte wäerte viraussiichtlech méi laang daueren.

Nodeems en Donneschdeg de Moien en Auto an e Camion tëscht Guedber an Hiefenech anenee gerannt sinn, bleift den CR129 bis op Weideres gespaart. Geschitt ass den Accident géint 8:40 Auer.

D'Opraumaarbechte wäerten nach e puer Stonnen daueren, well de Camion gebuerge muss ginn.

Wéi RTL vun engem Reporter op der Plaz gewuer gouf, sollen zwou Persoune fir eng Kontroll an d'Spidol komm sinn.

Back to Top
CIM LOGO