Gemengerotsmember zu HesperDP-Politiker Ali Thull am Alter vun 71 Joer gestuerwen

Roy Grotz
D'Hesper Lokalpolitik ass an déiwer Trauer nom Doud vum Ali Thull. Den DP-Politiker a laangjärege Gemengerotsmember ass stënterlech am Alter vun 71 Joer verscheet.
D'Hesper Lokalpolitik ass an déiwen Trauer nom Doud vum Ali Thull. Den DP-Politiker a laangjärege Gemengerotsmember ass stënterlech am Alter vun 71 Joer verscheet.
© DP-Sektioun Hesper

Den Ali Thull koum 1990 an den Hesper Conseil, wou hien tëscht dem Joer 2000 a bis 2017 och Schäffe war, éier hie sech als Zweetgewielten hannert dem Claude Lamberty aus der aktiver Lokalpolitik zeréckgezunn huet a vum Henri Pleimling ersat gouf.

Dem liberale Politiker, dee gebiertegen Hesper war, säi sportlechen Interessi war komplett fir de Futtball reservéiert, wou hien als Spiller an duerno als President vum FC Swift Hesper aktiv war. D'Hesper DP-Lokalsektioun erënnert un e jovialen a gesellege Mënsch, deen et mat senger Häerzlechkeet an Oppenheet an der Mëtt vun der Gesellschaft stoung an et domat verstanen huet, d'Hesper Leit beieneen ze kréien.

Den Ali Thull hannerléisst seng Fra a säi Jong.

Back to Top
CIM LOGO