Op der Pompel
95er Bensinn an Diesel gi liicht méi bëlleg, Baisse och beim Masutt

Vun en Donneschdeg u ginn et Ännerunge bei de Spritpräisser, déi awer net all ze grouss ausfalen.
Fir de 95er Bensinn gëllt vum 16. Mee un e Präis vun 1,594 Euro de Liter. Dat sinn 1,7 Cent manner.
Beim Diesel ass et eng Baisse vun 2,3 Cent op dann 1,475 Euro de Liter.
Och beim 10 ppm Masutt ass et e Minus vun 2,3 Cent. Deemno muss ee vun en Donneschdeg un 0,938 Euro de Liter bezuelen, soulaang een iwwer 1000 Liter bestallt huet.

Am meeschte gelies