"Den Test ass gelongen. Mir sinn ouni Problemer derduerch komm. Besser hätt et net kënne lafen", sou eng éischt Reaktioun vum neien Direkter vu Luxtram.

Punkt 8 Auer e Freideg de Moien huet den Tram den Arrêt "Lycée Bouneweg" an Direktioun Rangwee verlooss. Do, wou den Ament nach ronderëm d'Schinne ferm gerappt a geklappt gëtt. Am Schrëtt-Tempo goung et iwwert de Schantjen, deen a 7 Woche soll ofgeschloss sinn.

Vun der Rue des Scillas aus huet den Tram dunn no Riets ofgebéit. Iwwert d'Autobunn ass den Tram eriwwer an den neie Quartier vun der Cloche d'Or gefuer. Laanscht de Lycée Vauban, de groussen Akafszenter a Bürostierm, an deenen haut schonn Dausende vu Leit schaffen.

Iwwert de Boulevard de Kockelscheuer huet den Tram, dee mat 3 bis 5 Kilometer an der Stonn ënnerwee war, de Waassertuerm ugepeilt. Iwwer eng wieder Bréck goung et dunn op déi lescht Meter laanscht den neie Stade de Luxembourg, bis op den Terminus virum Park and Ride Cloche d'Or. Do wou spéider och den zweeten Tramsschapp gebaut wäert ginn.

Eng knapp Stonn huet dësen éischten Test, op den neien 3,7 Kilometer gedauert. Um Enn stoung da fest, datt näischt méi enger Ouverture vun der Linn de 7. Juli an Direktioun Süde vun der Haaptstad am Wee steet. Souguer dat miserabelt Wieder krut e Freideg de Moien den Tram net gestoppt.

Ob Nofro hi gouf och bestätegt, datt d'Aarbechten um leschten Tronçon vun der Ligne 1 Direktioun Findel, weider am Zäitplang sinn. Do soll den Tram Ugangs nächst Joer hifueren.