Esch preparéiert sech op d'Arrivée vum Tram

Am Escher Gemengerot ass e Freideg de Mobilitéitsplang fir déi nächst Jore presentéiert ginn.
Dat en vue vum séieren Tram, dee jo soll bis op Esch-Belval kommen.
Wat opfält ass, dass den Auto net nëmme fir den Tram muss Plaz maachen. An der Haaptsaach falen d'Parkplaze laanscht d'Strooss ewech. Ma eleng doduerch gëtt op verschiddene Boulevarde Plaz fir zwou Spuere fir den Auto, separat Busspueren, eng getrennte bidirektional Vëlospist an dotëscht nach Trennsträife mat Beem, geschaaft.
An och d'Plaz, déi den Tram brauch, gëtt eleng doduerch geschaaft, dass d'Parkplazen um Bord vun der Strooss ewechfalen, wéi de Lucien Malano vum Service technique erkläert:
"Haut stellt een effektiv fest, wann een einfach d'Spueren ziele geet vun all deene Stroossen, déi betraff sinn an deem dote Raum, dass een e Ratio huet vun zéng zu eent, also zéng Spueren, déi eigentlech dem Traffic individuel reservéiert sinn, sief dat d'Fueren, sief dat d’Parken a just eng fir den ëffentlechen Transport ass. Wa mer dat zukünfteg kucken, da wëlle mer eigentlech an d'Richtung kommen, dass mer dat bis op 1:1 hikréien. Natierlech ass déi Säit, wou bis elo just Bus war, da gemëscht souwuel Bus an Tram, dee jo dohinner kënnt an deen entspriechend méi Raum brauch."
Wärend de Plang breet Zoustëmmung krut, ass awer d'Fro opkomm, firwat dës Iddien elo réischt sollen ëmgesat ginn. De Steve Faltz vun der LSAP:
"De Belval ass eisen neiste Quartier. Deen ass knapps fäerdeg. An am Fong muss een eng Fro stellen, firwat net direkt? Ech menge kee vun eis ass elo Schold drun. Mä do solle sech awer déi Planer vum Ufank definitiv Mol a Fro stellen, well alles war gewosst, wat mer hei elo ze héiere kréien. A si hunn eis awer eng Bëtonswiss dobäi gebaut mat schwaarzem Belag. Ausser vläicht dem Tram, deen elo dohinner kënnt, ware keng nei Donnéeën do. Also am Fong hu mer just 20 Joer verluer."
De Plang gëtt an e puer Phasen ëmgesat, bis dann 2032 den Tram um Belval soll ukommen.