Vun e Samschdeg u musse Chauffer fir den Diesel an de 95er Bensinn e bësse manner déif an d'Täsch gräife wéi bis ewell.

De Präis fir de Liter 95er Bensinn geet no der Baisse vun 1,7 Cent en Donneschdeg virun enger Woch ëm weider 1,3 Cent erof a kascht vun e Samschdeg un 1,581 Euro de Liter.

Den Diesel gëtt no der liichter Hausse vun 1,9 Cent e Mëttwoch nees ëm 1,6 Cent méi bëlleg. Hei ass et e Präis vun 1,478 Euro, déi ee fir de Liter Diesel bezilt.

RTL