Deemno wou een déi nächsten Deeg am Land ënnerwee ass, muss ee mat klengen oder méi grousse Problemer am Trafic rechnen.

Fir de Weekend goufen nämlech divers Chantieren annoncéiert. Esou scho Mol Direkt zwee op der A13, déi béid bis e Méindeg de Moie wäerten daueren. Eng Kéier ass d'Autobunn tëscht dem Beetebuerger Kräiz an dem Echangeur Schëffleng zou, well hei en neien Tapis geluecht gëtt. Zu Altwis bleift den Echangeur selwer zou, esou datt een Ëmweeër muss fueren, fir op d'A13 ze kommen.

Op der A3 leeft dann näischt tëscht dem Echangeur Hesper an dem Rond-point Gluck. D'Deviatioun geet iwwert d'Boulevarde Kockelscheier a Raiffeisen, dat och bis e Méindeg de Moien. Quasi déi selwecht Ëmleedung gëtt uginn, well den Tunnel bei der Kräizung tëscht der Rue des Scillas an der Rue Rangwee zou ass.

Vun e Samschdeg de Moien um 6 Auer bis e Méindeg um 6 ass dann den CR181 tëscht Stroossen an dem Briddel zou. D'Deviatioun geet duerch de Rollengergronn.