Wann de meteorologesche Summer bis dat hält, wat e versprécht, da kann een och zu Lëtzebuerg e richteg flotten Tour mam Vëlo dréinen. Mat engem Hoken...

De Problem: Vëlosweeër, déi am näischt ophalen. Déi schwaarz-blo Koalitioun huet sech an hirem Koalitiounsaccord virgeholl, dat ze änneren.

Jiddereen, dee méi dacks bei sech mam Vëlo ënnerwee ass, kennt se. Déi Plazen, wou de Vëloswee op eemol ophält an den Autostrafic iwwerhëlt. Et ginn zwar eng Rëtsch méi Vëlosweeër ewéi nach virun engem Joerzéngt, ma et sinn och eng Rëtsch méi Vëlosfuerer an Autoen ënnerwee. De Vëlo ass fest ageplangt als Deel vun der klimafrëndlecher Verkéierstransitioun an der schwaarz-bloer Koalitioun. Knapp 200 Kilometer nei Vëlosweeër well d‘Regierung mëttelfristeg amenagéieren. Ma nach sinn d‘Ënnerscheeder tëscht Wonschdenken a Realitéit gravéierend. Déi zoustänneg Ministesch fir d’Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten Yuriko Backes gesäit dat an. Um Dag vum Vëlo gëtt profitéiert, direkt e puer Vëlospisten, ewéi déi zu Eppelduerf offiziell anzeweien:

"Ech mengen, mir wäerten d'Leit méi op de Vëlo beweegen, och fir kuerz Strecken, wann d‘Piste wierklech do sinn. Wann d‘Piste sécher sinn. Wann d‘Pisten attraktiv sinn. Mir mussen do weider ganz aktiv dru schaffen."

RTL

Stéchwuert Tempo: Ewéi esou dacks brauch zu Lëtzebuerg alles e bësse méi Zäit. Hei wënscht sech d‘Ärenzdaller Gemeng scho knapp 20 Joer laang eng Erweiderung vum PC5 duerch den Ärenzdall op Reisduerf. Am September ginn d‘Aarbechte lass. No knapp 20 Joer Planung, esou de Bob Bintz Gemengepapp vun der Ärenzdaller Gemeng:

"Ech sinn elo 18 Joer an der Gemengepolitik dran. Dee Projet war elo eng ganz laangootmeg Saach, fir de PC5 verlängert ze kréien. Do waren och ganz vill Hürden, déi vu Verwaltunge komm sinn."

Et léist ee sech net vun den deels joerzéngtelaange Prozeduren ofschrecken. Demande vun de Lokalen no "méi Vëlo" ass do. Ënner anerem fir e Wee, wou fréier nach d‘Schmuelspuerbunn gefuer ass, an eng Vëlospiste ëmzefonctionéieren. De Bob Bintz:

"Mir wéilten, datt déi 3 Däller: den Uelzechtdall, den Ärenzdall an de Sauerdall matenee verbonne ginn. Et wier eng ideal Léisung och fir den ëffentlechen Transport. Sou kéinten eis Leit iwwer de kuerze, séchere Wee bis op Kruuchten op d'Gare kommen, fir do den Zuch a Richtung Stad oder Norden ze huelen."

Den zoustännege Ministère versprécht méi kuerz Delaien. D'Yuriko Backes:

"Hei si ganz vill Interlocuteure bedeelegt. Mir brauchen och Emprisë fir Vëlospisten ze bauen. Alles dat brauch seng Zäit. Mam Environnementsminister Serge Wilmes si mer eis ganz eens, datt iwwerall do, wou e Blockage ass, mir eis zesummesetzen a konkret kucken, wéi mer deen esou séier wéi méiglech kënne léisen. Déi Kommunikatioun muss stëmmen."

770 Kilometer u Vëlosstrecken existéieren aktuell zu Lëtzebuerg. 950 si mëttelfristeg geplangt, dann och warscheinlech mat roudem Ënnergrond, fir d’Sécherheetsgefill bei de Vëlosfuerer ze promouvéieren. D’Gespréicher iwwer d’Ëmsetzung mat Ponts et Chaussées lafen.

Och dëse Summer ginn am Kader vum Vëlossummer nees Stroosse fir d‘Mobilité douce zougemaach. 67 Gemenge maachen tëscht dem 27. Juli a 25. August mat. Op 13 Circuite gëtt dëse Summer dann nees uerdentlech pedalléiert. D’lescht Joer hat d’Initiativ "Vëlossummer" 24.000 Participante motivéiert.