Et ass eng Situatioun, an déi kee komme wëllt. Wärend ee mam Auto an engem Tunnel ënnerwee ass, geschitt op eemol een Accident.

Sollt et awer eng Kéier dozou kommen, dann ass ee frou, wann d'Rettungsdéngschter séier an effikass reagéieren. Dofir mussen d'Membere vum CGDIS emol d'Joer esou Situatiounen üben. Haut war an deem Kontext den Tunnel Markusbierg zou. D'A13 war vu 7 Auer de Moien bis 1 Auer de Mëtteg tëscht den Echangeure Schengen a Munneref komplett fir den Trafic gespaart. Et goufen Een Autosbrand an een Accident tëscht engem Auto an engem Motorrad simuléiert.

Äert et eescht gouf, war d'Stëmmung bei den Affer vum simuléierten Accident nach gutt. Ma bëssi méi spéit huet et dunn awer geheescht, sech ze konzentréieren. Fir d'éischt mierkt ee Chauffer, datt säin Auto brennt an e probéiert d'Feier ze läschen. Hannendru muss ee Motorrad staark ofbremsen, sou datt een Auto et ze pake kritt. Nodeems d'Rettungsdéngschter iwwert e puer Weeër informéiert goufen, sinn d'Ambulanciere fir d'éischt op der Plaz a këmmere sech ëm de Chauffer vum Auto. E bëssi méi spéit sinn d'Pompjeeën do, a maache sech ee Bild vun der Situatioun. Fir d'éischt gëtt de Brand geläscht, dobäi gëtt och d'Infrastruktur ronderëm ofgekillt. Datt all Joer esou eng Übung an engem Tunnel ofgehale gëtt, ass net vu Muttwëll.

Pol Wirtz (Chef vun der Zone de secours Est): "Et ass een anere Milieu. Hei schwätze mir eigentlech vun enger unterirdischer Verkehrsanlage. Dat heescht, beim Läschen, gi mir een aneren Ugrëff vir. Normalerweis si mir drop ausgeriicht, fir ganz séier Persounerettung ze maachen. A sou Tunnelle, wa mer méi ee grousse Zenario vu Feier hunn, da soe mer, fir d'éischt läschen, fir ze retten. Dat ass eigentlech eist d'Zil a sou Verkéiersanlage wéi hei."

Am Grousse Ganze wier d'Übung gutt ofgelaf. Ma ganz perfekt war et awer net, wann an dësem Moment keng Popp, mee ee Mënsch ënnert dem Auto geleeën hätt, hätt se wuel gejaut. Dofir gouf et bei der medezinescher Versuergung e bëssi méi spéit dann awer kee Grond. Och bei Ponts et chaussées, déi d'Tunnellen uechter d'Land geréieren, weist ee sech zefridden, obwuel och hei nach e bëssi nogebessert muss ginn.

Paul Mangen (Directeur-adjoint Ponts et chaussées): "Also vun eiser Säit aus ass am Ufank alles gutt ofgelaf, mir hunn dunn zwou dräi Saache festgestallt, déi mer mussen nobesseren, wou mer gesot hunn, dat ass net richteg ofgelaf. Et huet ee gemierkt, et ass keng Sonorisatioun ugaangen. Een Exercice ass do, fir dat ze testen. Am Prinzip maache mer dat mindestens s zwee Mol am Joer scho bei eise Maintenancen, mee haut ass en net ugaangen. Firwat wësse mer net an dat musse mer lo nokucken."

Ronn 30 Leit waren an d'Übung involvéiert. D'nächst Joer wäert se dann an enger anerer vun deene véier CGDIS-Zonen duerchgefouert ginn. D'Preparatioun dauert iwwregens een halleft Joer.