D'Lescht Joer ass e Verbindungsstéck vum Viadukt Mënsbech iwwerraschend futti gaangen. Dat gouf dunn am Oktober 2023 provisoresch ersat.

Elo wäerte wärend der Summervakanz vun dësem Joer dann och déi aner Verbindungsdeeler vun der Bréck virleefeg gefléckt ginn.

Autobunnsbrécken, wéi de Viadukt Mënsbech op der A1, si fir de schwéieren Trafic gemaach. Déi vill Camionen, déi all Dag driwwer fueren, beusprochen déi Strukturen natierlech mat der Zäit. Sou och dëse Viadukt, gebaut 1988, bei deem 2023 en Deel futti gaangen ass. Bei enger Inspektioun ass festgestallt ginn, dass ee Joint defekt ass. Doropshin huet d'Ponts et Chaussées e Projet fir eng provisoresch Sanéierung vun de Viadukten hei zu Lëtzebuerg lancéiert. D'Ursaache fir en defekte Joint sinn net nëmme Wiederkonditiounen, mee och den Alter vun de Strukturen, erkläert eis de Roland Fox, Direkter vu Ponts et Chaussées:

"Bei deem hei Joint ass et esou, datt een deen all dräi Joer muss kucke goen. Dat ass ugemoossen. Datt deen do eng iwwerméisseg Degradatioun gemaach huet, déi do festgestallt ginn ass, an datt éischter, wéi geduecht eeben, datt de Joint degradéiert ass. Elo ass et esou, datt déi Produiten, déi sinn op d'Mooss gemaach, an do ginn et déi Firmaen, déi dat gebaut hunn, déi gëtt et deelweis net méi."

Fir sou ee Joint anzebauen, brauch een déi ganz Breet vun der Bréck. Bei der Sanéierung gëtt eng Säit vun der Bréck zou gemaach. Den Trafic leeft da bidirektional, also eespuereg. De ganze Projet soll awer nach virum Enn vun der Summervakanz fäerdeg sinn. D'Vitess ass op dëser Plaz och reduzéiert ginn. Muss een dann elo mat Stau rechnen, Fritz de Oliveira, Chef de la Division des Ouvrages d'Art?

"Stau ass eng Usiichtssaach. Ech mengen da muss ee kucken, net jidderee gesäit Stau d'selwecht. Och haut ass net vill Stau do, et ass zéiflëssege Verkéier, dat ass richteg, mee deen zéiflëssege Verkéier ass fir d' Sécherheet vun de Leit, well mer musse kucken, dass d'Beusprochung vun deene Jointe sou kleng wéi méiglech bleift, soulaang mir se net alleguer provisoresch op d'mannst ersat hunn."

En ale Reseau ass méi ufälleg fir Chantieren

D'Ponts et Chaussées gesäit do niewebäi och eng Inspektioun vun dem ganzen Autobunnsreseau fir. Firwat et op Autobunne wéi der A1 da méi dacks zu Chantiere komme kann, erkläert nach eemol de Fritz de Oliveira:

"Nee, eng Saach, déi ganz wichteg ass, ass ze wëssen, wéi al eis Reseaue sinn. En fonction vum Alter vun de Reseaue wäert dir méi oder manner Chantieren hunn. Wann de Reseau nach jonk ass, wéi zum Beispill eng Collectrice du Sud, déi manner Chantieren huet, hutt dir natierlech aner Autobunnen, déi méi Chantieren hunn. An et ass net fir näischt, datt lo eng A3 méi breet gemaach gëtt an och do profitéiert gëtt, allgemeng d'Infrastrukturen nei ze maachen, déi do sinn, well déi einfach e gewëssen Alter hunn. An d'A1 ass och eng, déi vläicht e bësse méi al ass, net wéi eng Nordstrooss, déi ganz jonk ass. An dofir sinn och do heiansdo méi Chantieren. Dovunner kënnt et. Den Alter implizéiert zum Deel Chantieren, déi programméiert ginn."

Zanter 1995 gëtt et zu Lëtzebuerg eng Division des Ouvrages d'Art, déi sech ëm d'Inspektioune vun den Autobunnsbrécke këmmert. Do gëtt da gekuckt, ob d'Material vun de Brécken nach intakt ass. Am Fall, wou et Defekter ginn, muss intervenéiert ginn. Wärend enger Inspektioun gëtt all Element vun der Bréck genau ënnert d'Lupp geholl. Zum Schluss kritt all Bauwierk e Gesondheetszoustand zougeschriwwen, den ausseet, ob eppes gemaach muss ginn oder ob d'Bréck nach an der Rei ass. De Fritz De Oliveira erkläert, wien sou eng Inspektioun duerchféieren dierf:

"Bei eis sinn d'Leit, déi dat maachen, alleguer ausgebilt, sinn alleguer schwindelfräi, sinn alleguer Fräischwëmmer, well eis Brécken och iwwer Waasser sinn. An dat si sécherlech dräi Krittären, déi ee physesch muss matbréngen. Mee d'Ausbildung dauert ongeféier zwee Joer bei eis intern. Dat heescht, déi gëtt bei eiser Verwaltung selwer gemaach. D'Leit ginn och zum Deel Formatioune maachen an d'Ausland, fir och déi nei Techniken ze kucken. Well mir wäerte gesinn, iwwert déi nächst Joerzéngte komme vill méi Digitaliséierungstechniken an de Gebrauch wéi zum Beispill Dronen [...]"

Sollt eng Bréck defekt sinn, muss decidéiert ginn, wéi et duerno weider geet. Heiansdo sinn et kleng Saachen, déi séier ersat kënne ginn. Bei anere Brécken, deemno wéi al oder futti se sinn, stellt sech d'Fro, ob se de Verkéier nach ëmmer droe kënnen. Da kann et dozou kommen, dass ganz Brécke mussen ofgerappt an nei gebaut ginn. Et ass och wichteg dass d'Gestioun vum Stroosseverkéier oprecht erhale gëtt. De Roland Fox, Direkter vun der Administration des ponts et chaussées"Dat, wat mer um Viadukt vu Mënsbech elo gesinn, dat soll u sech d'Ausnam bleiwen."