Déi nei 3,7 km laang Tramssektioun huet fënnef Statiounen ('Scillas', 'Houwald Gare', 'Lycée Vauban', 'Waassertuerm' a 'Stadion').

Vun e Sonndeg u fiert den Tram vum Kierchbierg bis bei den neie Stadion. Et war déi fënneft Aweiung vun engem Tram-Tracé a bei dëser goufe fënnef nei Statioune virgestallt, sou dass den Tram vun e Sonndeg u vum Kierchbierg bis bei deen neie Stadion fiert.

No der Testphas sinn eng Hellewull Invitéen als éischt offiziell Passagéier matgefuer. Deen hätt bis elo all Dag eng 110.000 Leit vun A op B bruecht a géif mat deem leschten Ausbau fir nach fir méi eng grouss Zuel u Clienten eng reell Alternativ zum Auto ginn. Stad Lëtzebuerg a Luxtram schwätzen op en Neits vun enger klorer Success story. 

Houfereg ass een, well d’Timeline an de Budget agehale gi wieren. Vun e Sonndeg de Mëtteg u rullt e Bouneweg erop iwwert den Houwald bis bei de Stadion, esou wéi geplangt. Och de finanzielle Kader wier net gesprengt ginn, präziséiert den neien Direkter, dee kloer Ufuerderungen u säin Tram stellt.

15 Leit goufen agestallt, fir mat op der méi laanger Streck ze fueren. Ronn 4 km méi laang ass se elo.

Houfereg ass och d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, déi mat d'Bändchen duerchgeschnidden huet an dunn an de Stadion invitéiert hat. Nächst Etapp sinn de Kierchbierg an d’Areler Strooss. D’Porte Neuve – wéi gesot – keng Prioritéit. Am Hierscht géife mer méi gewuer. Op d’Horairen ugeschwat, erkläert de Chef vu Luxtram, et wier een den Ament an enger Transitiounsphas, de Service géif allerdéngs optiméiert ginn.