Onfäerdeg Infrastruktur ëm Arrêt Scillas eng Gefor fir Passagéier an Aarbechter
Den Hesper Buergermeeschter nennt d'Situatioun ronderëm den Arrêt Scillas "lamentabel" a fuerdert Luxtram respektiv Ponts et Chaussées op, z'agéieren.
Deemno soll sech esou séier wéi méiglech a prioritär ëm Zebrasträifen an de Fonctionnement vun de Roude Luuchte bekëmmert ginn.
Zënter e Sonndeg fiert d'Ligne 1 vum Tram vum Kierchbierg aus bis op d'Cloche d'or bei den neie Stadion. Déi lescht 5 Statiounen, déi realiséiert goufen, fueren iwwer den Territoire vun der Stad, mee och duerch en Deel vun der Hesper Gemeng, zu där gehéiert den Houwald nämlech. Wa Luxtram sech och selwer lueft well si den Tram an den annoncéierten zäitlechen Delaien op d'Schinn kréichen, stëmmt dat awer net fir d'Amenagement vun der Infrastruktur ronderëm, iergert sech den Hesper Buergermeeschter Marc Lies an nennt d'Situatioun ronderëm den Arrêt Scillas "eng Schan".
Et knuppt, et hummert an et quiitscht. Gutt u sech, well esou passt een op, wann een den Tram wéilt huelen. Uewe beim Tennis, tëscht den Terrainen an der Rue des Scillas ass Chaos. Mol wëll een eppes liwweren, mol wëll ee laanscht eng Rei Maschinnen iwwert d'Tramsschinne goen, ouni Zebrasträifen oder Rout Luuchten, déi richteg ginn.
Natierlech hätt een näischt géint deen Ausbau vum Tram, seet den Hesper Buergermeeschter, mee wat hinne wärend 7 Joer a reegelméissege Reunioune versprach gi wier, hätte Luxtram a Ponts et Chaussées, leider net agehalen. Op d’mannst 6 Méint laang géif d’Geschaffs nach daueren – bis dohinner géifen et hei Gefore ginn, wou seng Gemeng, zu där den Houwald hei gehéiert, mat responsabel gemaach kéint ginn, stéing an engem Dekreet aus dem 18. Joerhonnert.
Nach keen Tapis en Vue fir dësen Deel vun der N3 an och zu de Bürosgebaier an zukünftege Wunnenge gëtt et keen Accès, bedauert de Marc Lies. Wann den Tram senger Gemeng och verkéierstechnesch keng direkt Entlaaschtung géing bréngen, wier d’Amenagement vum Ronderëm a punkto Contournement awer en nächsten intressante Schrëtt.
Hesper fuerdert Luxtram respektiv Ponts et Chaussées elo op alle Fall op, dës "lamentabel" Situatioun aus der Welt ze schafen, dat heescht, sech prioritär ëm Zebrasträifen an d'Fonctionement vun de Roude Luuchten ze bekëmmeren. An dat esou séier wéi méiglech!