Nodeems en Donneschdeg den 98er Bensinn e bësse méi bëlleg gouf, ass et e Freideg um Diesel.

Vun Hallefnuecht u muss ee fir de Liter Diesel 1,7 Cent manner bezuelen. De Präis läit deemno vun e Freideg u bei 1,508 Euro de Liter. Och de Masutt (10ppm) gëtt e bësse méi bëlleg a kascht dann nach 0,971 Euro de Liter, dat vun enger Liwwerung vun 1.500 Liter un.

D'Präisser vum 95er an 98er Bensinn bleiwen onverännert.

RTL

© RTL-Grafik