Zanter e Méindeg kann ee vu Rodange op Paräis fueren
No villem hin an hier fiert zanter e Méindeg nees den TGV direkt vu Lëtzebuerg op Paräis.
E Sonndeg sollt et jo den éischten Aller vu Rodange aus sinn. Duerch Persounen op de Schinne zu Dijon huet den Zuch awer du missen zu Diddenuewen starten.
De Wee fir op Olympia war sécher keen einfachen. Laang gouf un enger Alternativ gepléischtert, well d‘Rees mam Schnellzuch aus der Stad duerch de Chantier ronderëm d‘Autosbréck zu Beetebuerg aktuell net méiglech ass. E Méindeg de Mëtteg ass et zu Rodange den éischten Depart vum TGV a Richtung Paräis.
"Jo, et gouf Ugangs eng klengen 'Tollé', wéi et geheescht huet, datt mat de Bauaarbechten och den TGV-Verkéier wäert impaktéiert ginn. Et ass eng laang Spär wärend der Vakanz. D‘CFL huet du mat der SNCF iwwert e Joer verhandelt, fir eng Ersatz-Streck a Richtung Grand-Duché ze kréien", erkläert d'Spriecherin vun den CFL, d'Alessandra Nonnweiler.
Laang war et onkloer, ob deen éischten Ersatz-TGV vu Rodange op Paräis iwwerhaapt fiert. De ganze Weekend waren d‘Reparaturaarbechten no de Sabotage-Aktiounen um TGV-Reseau uechter Frankräich amgaangen.
"800,000 voyageurs étaient attendus sur ces trois axes pour l'ensemble du weekend, plus de 600,000 ont pu voyager", sou de Christophe Fanichet, Generaldirekter bei SNCF-Voyageurs.
Aus Policekreesser heescht et e Méindeg, datt eng Gruppéierung vu lénken Extremisten un der Attack bedeelegt gewiescht wier. Den éischten TGV vu Rodange huet e Sonndeg wéinst Problemer op der Streck vun Diddenuewe misse fortfueren. Vun e Méindeg un awer rullt alles wéi geplangt op der Gare am Süden.
"Eng Gare, déi ganz rezent ëmgebaut a vergréissert ginn ass. Se huet laang Quaien, eppes, wat mer fir den TGV brauchen. Den TGV kann hei och emol 50 Minutte stoe bleiwe viru sengem nächsten Depart. Mee virun allem de grousse Parking mat 1.600 Plazen direkt niewendru garantéiert, datt een och ëmmer eng Parkplaz kritt", seet d'Alessandra Nonnweiler.
D‘Ëmdisponéieren op Rodange heescht 20 Minutte méi laang Reeszäit. Hei muss de franséischen Zuch sech d‘Streck iwwer Déifferdeng an Esch mat lokale Passagéier- a Gidderzich deelen. Bis op d‘Grenz heescht dat eng Vitessmoyenne vu gutt 50 Kilometer d‘Stonn. Wéinst dem villen Trafic fiert den TGV op Paräis an op Montpellier och just ee Mol den Dag.
"Den Zuchtrafic aktuell fiert jo och nach ëmmer Esch-Rodange, dat heescht, do sinn d'Garë Bieles, Zolwer, Déifferdeng a sou weider, déi eben och zerwéiert ginn an den TGV muss eben do an den normalen Horaire agereit ginn a mir hunn natierlech och nach ëmmer eis Cargo-Zich, déi fueren nach. Vun do hier ass et eng Léisung, wou - ech wëll net soen, et ass ee Bummeler, well e bleift net stoen, e fiert schonn direkt bis op Diddenuewen, mä muss sech halt an de Verkéier areien", sou nach d'Porte-parole vun den CFL.
Den 12. August plënnert de Schnellzuch dann nees op Beetebuerg. Vum 2. September u fiert den TGV dann nees 4 Mol den Dag op Paräis. Vum 15. September un ass et dann nees den normale Plang. Mat Depart an Arrivée op der Stater Gare.