VW6 Joer ass am Diesel-Skandal näischt geschitt, seet d'ULC

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Konsumenteschutz reagéiert op de Strofprozess géint de fréiere VW-Chef Martin Winterkorn.

Hei am Land hate 4 Membere vun der ULC Plainte géint VW, den Importateur an d’Händler gemaach. Ma et wier zënter 2018 roueg am Dossier. Am Ausland hätt VW Geldstrofen an Indemnitéite misste bezuelen, ma an Europa wier VW nach net all ze vill zur Rechenschaft gezu ginn.

Fir d’ULC kann net méi bestridde ginn, datt de Constructeur géint Ofgas-Virschrëfte verstouss huet, trotzdeem géingen d’Affekote vu VW weider niéieren, datt Schued entstanen ass.

Back to Top
CIM LOGO