Wie kennt se net, d’Panini-Sticker-Alben, déi eis als Kanner geckeg gemaach hunn – well ëmmer ee Sticker gefeelt huet an een anerer duebel an dräifach hat. Dem Umberto Panini hu seng Pechbiller-Bicher genuch Suen abruecht, fir eng impressionant Kollektioun vu Maserati-Modeller unzeleeën. De Paul Origer hat d’Geleeënheet, sech d’Collezione Maserati Umberto Panini zu Modena unzekucken!
Maserati huet d’lescht Joer säin 110. Gebuertsdag gefeiert – mee seng quasi ganz Geschicht ass an den Hänn vun engem Mann, bei deem Sammele schonn ëmmer eng Leidenschaft war!
An dee mat der Sammel-Passioun dat grousst Geschäft gemaach huet. Als leschte Member vun der berüümter Famill hat den 2013 verstuerwenen Umberto eng grouss Passioun – dat ware seng historesch Gefierer: 40 Autoen, 30 Motorrieder, Militärween a Vëloen. Seng Léift huet awer der Mark Maserati gehéiert.

An den 80er-Jore war d’Mark mam Dräizack nach an den Hänn vum Alejandro DeTomaso a finanziell schlecht drun. Fir séier Suen ze maache gouf d’Decisioun geholl, klassesch Stroossegefierer a Rennween ze verkafen. Den Umberto Panini hat dat matkritt a wollt mat alle Mëttele verhënneren, dat dës wäertvoll Autoen aus der Regioun géinge verschwannen. 1986 huet hien d’Kollektioun opkaf an Ufanks 1990 déi 22 Klassiker zu Modena an engem iwwersiichtlechen Hangar ausgestallt.

U sech jo dann och een Déngscht fir d’Mark Maserati selwer, déi jo op een Hoer hire ganze Patrimoine verluer hätt!
Richteg! Och wa Modeller feelen, ass d’Sammlung awer beandrockend komplett, an anscheinend bis op e puer Ausname fuerbereet. Wéi bei de Rennween de 6C, en Eesëtzer aus de Joren 1936 - 1940 oder den ikoneschen Eldorado 420M58, dee bei der zweeter Editioun vum Race of Two Worlds matgefuer ass.

Maserati stoung awer och ëmmer fir rasseschen Design aus Italien: den A6GCS Berlinetta vu Pininfarina ass net nëmmen eent vun de wäertvollsten Exponater, mee och e perfekt Beispill fir Eleganz a Sportlechkeet, genee wéi ee vun de Virgänger vum aktuelle GranTurismo an deen éischte Maserati, deen a grousse Stéckzuele produzéiert gouf, den 3500 GT Touring. Dës Gefierer stinn am krasse Kontrast zu de Modeller aus de 70er an 80er, wou op emol Kanten a käilförmeg Linnen um Programm stoungen. Mistral, Ghibli a Merak waren deemools fir dës nei Designlinn bekannt a berüümt.

An all dës Modeller sinn am Umberto Panini senger Kollektioun ze gesinn!
Genee! 2025 gouf de Musée komplett renovéiert, behält awer nach ëmmer de Charme vun engem klenge Fligerhangar, inspiréiert vun den 20er Joren a vun der Cité de l’Automobile zu Mulhouse. Op relativ klenger Fläch sinn déi gutt erhale Klassiker attraktiv ausgestallt a mat flotten Iddien dekoréiert, wéi enger Kollektioun vu Felgen, Motoren an Zweerieder oder eng nogestalltener Zeen aus engem Atelier.

En Highlight si sécherlech och zwou Studie wéi de Concept Car Alfieri aus dem Joer 2014, mat deem den 100. Gebuertsdag vun der Mark gefeiert gouf. Oder de skurrille Chubasco vun 1990, deen u sech e komfortabele Sportswon fir den Alldag sollt duerstellen.

Also wierklech e Besuch wäert an et muss een net onbedéngt ee Fan vu Maserati ginn.
Et kéint een awer ee ginn wann ee gesäit, wat an der Zäit bei Maserati alles op d’Rieder gestallt gouf. Den Umberto Panini konnt seng Passioun nach eng Zäitchen ausliewen, bis hien 2013 leider verstuerwen ass. Haut féiert säi Bouf Giovanni déi absolut eenzegaarteg Sammlung virun a genéisst antëscht och eng intensiv an aktiv Zesummenaarbecht mat Maserati selwer.
