Autojumble an der LuxexpoDe Weekend iwwer ass nees déi gréissten Oldtimer-Expo an der Groussregioun

Chris Meisch
Et ass eng Passioun, déi Jonk an Al zesumme bréngt. D’Begeeschterung fir Oldtimer, fir d’Geschicht vum Automobil an fir déi vill Erënnerungen, déi mat dëse Gefierer verbonne sinn.

De Weekend iwwer ass nees de bekannten Autojumble an der Luxexpo. Dës Kéier goufe ronn 200 Gefierer presentéiert, déi souwuel Lëtzebuerger wéi och Leit aus dem Ausland ugezunn hunn.

Um Autojumble fënnt een déi ënnerschiddlechste Gefierer. Vu klasseschen Oldtimeren aus de 50er a 60er Joren, bis hin zu rare Sammlerstécker déi iwwer Joerzéngte mat vill Léift restauréiert goufen, an een am Alldag bal net méi ze gesi kritt. d‘Lëtzebuerger Oldtimer-Federatioun ass fir d‘Evenement responsabel, dat zanter den 80er Joren organiséiert gëtt. Hire But ass de Patrimoine automobile, den Artisanat, an d’Passioun, fir al Autoen ze erhalen an un déi nächst Generatioun weiderzeginn. All Joers géing een op d‘Neits versichen dem Public eng speziell Expo z‘offréieren, wéi den Dan Medinger, President vun der Lëtzebuerger Oldtimer-Federatioun, erkläert.

„D‘Expo dëst Joer ass ganz speziell, well mir stellen ee ganze Koup japanesch Auto‘en aus, an och japanesch Motorrieder natierlech. D‘Japaner ware richteg High-Tech wat Motorrieder ugeet, an dat sinn eebe Gefierer, déi am Stroossebild do sinn, awer oft net esou opfale respektiv vergiess ginn, dofir hu mir dëst Joer decidéiert spontan, mir maachen dat mir maache Japan, a wéi dir gesitt déi ganz Gefierer, déi hei stinn, déi meescht hunn ee Lëtzebuerger Nummereschëld, dat heescht, dat sinn Auto‘en aus Lëtzebuerg.“

D‘Passioun fir den Automobil a speziell fir d‘Oldtimer, ass eng Passioun, déi gäre vu Generatioun zu Generatioun weiderginn gëtt. Ma et si virun allem déi japanesch Gefierer, déi et dem Public dëst Joer ugedoen hunn.

Um Autojumble ass vun allem dobäi, an eng grouss Varietéit u Clibb a Veräiner si vertrueden. En Oldtimer, dat muss net onbedéngt een Auto sinn, dat kann och ee Moto, en Trakter oder e Bus sinn. Wéi zum Beispill dëst Exemplar. Ee Stater Bus aus de 60er Joren, deen no 9 Joer Restauratioun nees wéi nei ausgesäit. Den Daniel Meyers, Member vun der „Frënn vum Ale Stater Bus“ Asbl.

„Déi Brossel, wou mir Haut aweien an dem Publikum virstellen, huet1964 de leschten Tram an der Stad ofgeléist. Dat heescht, den Tram ass ofgeschaf ginn an déi Ween sinn dann herno op der Linn 10 vu Lëtzebuerg-Gare op Walfer gefuer.“

70 verschidden Oldtimer-Clibb mat insgesamt iwwer 350 Membere gehéiere mëttlerweil zur Lëtzebuerger Oldtimer-Federatioun. Mam Autojumble fänkt domat och offiziell d’Oldtimersaison un – eng Zäit, op déi vill Automobil-Fans mat grousser Virfreed waarden, fir endlech nees mat hirem Oldtimer aus der Garage op d‘Strooss ze goen.

Back to Top
CIM LOGO